Kundenmeinungen

Super. Cool. Genial, alles wat eis glécklech mëcht. Alles huet bis elo super geklappt. Villmols Merci fir dee gudden Tipp.
N & J
E schéine Bonjour aus dem sonnegen California. Mir sinn fascinéiert, et ass genial...
Famill K vun Naerden
Ola. la c'est tellement paradisiaque, c'est tellement beau, tellement bien, uniquement attention aux mosquitos! Merci beaucoup pour tes infos et pour ton boulot! gros bisous et Gracias
M & M
Schéin Gréiss vun Edinburgh! Merci nach emol fir déi ganz Méi!
Christiane M.
Madeira ass ganz flott, den Hotel super, d'Wieder fantastesch. D'Organisatioun UNSEN war 1 A. Schéine Bonjour
Déi lëschteg Equpie
Merci dass alles esou gudd geklappt huet, super Hotel a flotten Programm :)
Maurice
Léif Firma Unsen! Wat hate mir eng wonnerschéi Rondrees duerch Korsika!
- eng sympatesch a kompetent Reesbegleederin
- en immens séchere Chauffeur
- gastronomech héichwärteg Molzechten offréiert vun der Firma Unsen
- tiptop Hotelen
Esou eng Rees maache mir gär nach eng Kéier mat!
2 zefridde Clientën aus dem Süde vum Land
Ech wollt MERCI soen fier déi gudd Berodung an der Organisatioun vun eiser Vakanz vum 1.-15. Februar 2014 op Gran Canaria.
Den Lopeasn Costa Meloneras Resort war en excellente Choix, luch zentral beim Liichtuerm vu Maspalomas, haat eng raffinéiert a kreativ Kichen an obwuel et e groussen Hotel mat enger rieseger Gardenanlag ass huet et mam ganz frëndlechen Service emmer gudd geklappt.
Mier giffen direkt nach eng Kéier dohin goen....
Roland Wald, Rippweiler
Villmols merci fir d'Organisatioun vun eisem séjour zu Berlin.
Et wuar alles esou gutt gelongen.
Dat mécht sech jo wiirklech net vun aleng, déi ganz Planung fir e Grupp vu bal 50 Leit.
E grousse Merci nach eng Kéier.
Josiane
Ee schéine Bonjour vu München. Et huet alles tip top geklappt.
Jeanny a Marc
Hallo. Merci fir déi schéi Vakanz! D'Sonn ass zwar net ëmmer heibaussen mee soss loosse mir eis gutt verwinnen: gutt Iessen, Massagen, private Butler, wäiss Plaag... Een décke Kuss vun eiser Hochzäitsrees.
M & M
Hallo,
Dat hei ass top Geschier!! :)
Dat kanns du roueg dengen nexten Thai-Clienten weiderempfeelen.
Mir soe Dir Merci fir déi tiptop Organisatioun.
L&L